Aktivitéit
All Themaen, déi mir behandelen, ginn och ëmmer vun enger kulinarescher Aktivitéit begleet.
Zwee Mol am Mount entdecke mir mam Julien déi musikalesch Welt.
Mir organiséiere regelméisseg flott Ausflich an d’Schwämm, op de Bauerenhaff oder a verschidde Fräizäitparken.
D’Kanner ginn all Dag an d’Buedzëmmer, well d’Hygiène e feste Bestanddeel vum Dagesoflaf ass.
All d’Zorte vu Bastelaktivitéite sinn op déi verschidden Themaen ofgestëmmt.
All Woch léieren d’Kanner d’Liewen um Bauerenhaff kennen.
Mir zillen een Deel vun eise Kraider an eisem Geméis selwer.
D’ganzt Joer iwwer ginn déi verschidde Fester gefeiert. D’Kanner huele mat grousser Freed un all deene Fester deel.