An der Grupp vun de Bëbeeën besteet eis Roll doranner, d’Gewunnechten an de perséinleche Biorhythmus vun all Kand ze respektéieren. Fir déi ganz Kleng musse virun allem déi éischt Deeg gutt preparéiert sinn. Dacks entsprécht dëst der éischter Trennung vum Kand vu sengen Elteren. An dëse Momenter hu mir eng ënnerstëtzend Roll a mir ginn de Kanner wat si brauchen. All Kand ass anescht, deemno ass et besonnesch wichteg, sech deenen ënnerschiddleche Besoinen unzepassen. An dëser Altersphase sinn dës déi haaptsächlech Interessë vum Kand: lafen, klammen, bauen, futti maachen, richen, upaken a schmaachen. Déi Kleng entdecken d’Welt mat hirem ganze Kierper, si krabbelen um Buedem, huelen alles an de Grapp, rolzen a renne mat Féiss.
Eis Aufgab besteet doranner dës ënnerschiddlech Sënner ze fërderen.

