E gesond Ëmfeld (gesond Ernierung, Gestaltung vum Site) wéi och e perséinlechen Empfang, deen op de Rhythmus vum Kand ofgestëmmt ass, ass eng vun eise Prioritéiten.
Agreeéiert vum Familljeministère.
Mir schaffen och mat chèques services.
Déi mëttel a grouss Kanner Bei deene mëttleren a grousse Kanner besteet eis Roll doranner, den Horizont vu sensoreschen Erfahrungen op kulturell Erfahrungen z’erweideren. An dëser Altersphase kennen d’Kanner hire Kierper a si wësse sou lues, wéi een Impakt dësen op hir Ëmwelt huet. Deene méi grousse Kanner mécht et Spaass, kniwweleg Saachen ze bauen. Si maache sech selwer an och aner Leit, wéi hiren Elteren, gären eng Freed.
Si wësse sou lues wat hiert ass. D’Ubidde vu Geleeënheete wou si kënne bauen oder hinnen d’Méiglechkeet ze ginn, u verschiddenen Atelieren oder Fräizäitméiglechkeeten deelzehuelen, gëtt ëmmer méi wichteg. Hir Feinmotorik ass amgaang sech z’entwéckelen an hiert Denke gëtt ëmmer méi komplex.
Et ass wichteg, datt d’Kanner souwuel léieren autonom ze sinn, wéi och an enger Grupp ze funktionéieren, fir datt si beschtméiglech op d’Schoul virbereet ginn. Déi Kanner, déi dës verschidden Aktivitéite fäerdegbréngen, maachen d’Erfahrung vu Freed, vun Opwäertung a kréie Loscht sech selwer z’iwwertreffen a Fortschrëtter ze maachen. Den Erwuessene steet hinnen ënnerstëtzend zur Säit. An dësem Alter ass et awer op d’mannst grad sou wichteg, datt d’Kanner nei Goûten kenne léieren, dofir bidde mir de Kanner d’Méiglechkeet, u kulinareschen Atelieren deelzehuelen.
An der Grupp vun de Bëbeeën besteet eis Roll doranner, d’Gewunnechten an de perséinleche Biorhythmus vun all Kand ze respektéieren. Fir déi ganz Kleng musse virun allem déi éischt Deeg gutt preparéiert sinn. Dacks entsprécht dëst der éischter Trennung vum Kand vu sengen Elteren. An dëse Momenter hu mir eng ënnerstëtzend Roll a mir ginn de Kanner wat si brauchen.
All Kand ass anescht, deemno ass et besonnesch wichteg, sech deenen ënnerschiddleche Besoinen unzepassen. An dëser Altersphase sinn dës déi haaptsächlech Interessë vum Kand: lafen, klammen, bauen, futti maachen, richen, upaken a schmaachen. Déi Kleng entdecken d’Welt mat hirem ganze Kierper, si krabbelen um Buedem, huelen alles an de Grapp, rolzen a renne mat Féiss.
Eis Aufgab besteet doranner dës ënnerschiddlech Sënner ze fërderen.
Während deenen éischte Méint am Liewe vun engem Puppelchen bréngt dësen et nach net fäerdeg alleguer d’Offallstoffer vu senger Ernierung auszescheeden. Fir si ze schützen gräife mir op Mineralwaasser a Fläschen an op biologesch Landwirtschaft, ouni Pestizider a Nitrater, zréck. Kaaft ginn dës Produkter bei klenge lokale Produzenten. D’Liewensmëttel, déi mir de Kanner z’iesse ginn, sinn op déi verschidde Joreszäiten ofgestëmmt. All eis Moolzechte gi moies an der Crèche frësch vun eiser Käche virbereet.
D’Crèche funktionéiert op Basis vun erneierbaren Energien (Fotovoltaique, grénge Stroum) an am Reduzéiere vun Offäll, andeems mir biologescht Spullmëttel a biologesch Botzmëttel benotzen.
Mir droen esou zu enger harmonescher Ëmwelt fir eis Kleng bäi a mir ënnerstëtze si dobäi hir Ëmwelt kennen ze léieren an ze respektéieren.